Épisodes

  • #3 Silvia Fernandes
    Jan 14 2025
    D'Silvia Fernandes ass blann a schafft haut als Guide-Serveuse am Restaurant "Dans le Noir ?" um Kierchbierg. Hei iessen d'Clienten am Däischteren. Ma och wann dës Aarbecht fir d'Silvia – dat net ëmmer blann war – wéi gemaach ass, huet hir Behënnerung hir vill Steng an de Wee geluecht. Zwee Mol huet si missten duerch hir Krankheet mat fréiere Stagen ophalen. No 20 Joer ouni Aarbecht, huet d'Silvia mat der Hëllef vun der ADEM en Job fonnt, dee si glécklech mécht. Si erzielt vun hirem Parcours zesumme mam Marlie Guérin, der Managerin vum Restaurant.
    Voir plus Voir moins
    24 min
  • #2 Johny Dias
    Dec 17 2024
    Den Johny Dias ass 35 Joer al an zu Lëtzebuerg gebuer. Mat 18 Joer huet hien d'Land awer verlooss, fir a Portugal liewen ze goen. Dohanne war hien eng Zäit laang Zaldot. Wéi säi Papp Gesondheetsprobleemer kritt huet, ass hien zeréck an de Grand-Duché komm. Hei konnt hie keng Aarbecht fannen, déi hien intellektuell gefuerdert huet. Hie wosst: An him stécht méi dran. Mat der Hëllef vun der ADEM huet hien dunn net nëmmen eng Formatioun fonnt, déi zu him passt, ma och säin zukünftegen Employeur: Cap4 Group. Hien erzielt seng Geschicht zesumme mam Fabien Zuili, de Co-Founder vun der Boîte, deen seng Entwécklung säit sengem éischten Dag an der Entreprise verfollegt huet.
    Voir plus Voir moins
    23 min
  • #1 Ayokovi Agbo
    Nov 13 2024

    22 min