Et Geet Dach!

Auteur(s): Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
  • Résumé

  • Egalitéit zu Lëtzebuerg - wéi ass et haut, wéi war et gëschter, a wat erhoffe mir eis fir muer? Fräi a riicht eraus, op Lëtzebuergesch oder Franséisch, d'Morena Luisi schwätzt an dësem Podcast iwwert d'Evolutioun vun der Chancegläichheet an diverse Felder. Eng Zesummenaarbecht mam MEGA, dem Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité.
    Voir plus Voir moins
Épisodes
  • #4 Egalitéit a Sport
    Aug 1 2024
    Bezuelung, Visibilitéit, Sponsoring… Och wann de Fraesport sech rezent gutt entwéckelt huet, bleift en oft an engem Däiwelskrees gefaangen, wou e par Rapport zu sengem männlechen Equivalent déi zweet Gei spillt. Genee doriwwer schwätzt d'Morena Luisi an dëser Episod mat senge véier Gäscht. Den Eric Glod ass Ex-Dëschtennis-Nationalspiller. D'Lisy Hetting ass Basketballspillerin fir de BBC Gréngewald a fir d'Nationalekipp. Den Dan Santos ass Dammefussball-Nationaltrainer bei der FLF. D'Norma Zambon ass Ex-Beachvolleyballspillerin a Presidentin vun der Lëtzebuerger Volleyballsfederatioun.
    Voir plus Voir moins
    50 min
  • #3 Haislech Gewalt
    Jun 27 2024
    "D'Gewalt fänkt warscheinlech méi fréi un, wéi déi meescht Leit et mengen", esou de Christopher Witry an dëser neier Episod Et Geet Dach !. "Gewalt ass net nëmmen 'ech gi geschloen', mee Gewalt kann och scho sinn 'ech ginn denigréiert, ech gi schlecht gemaach, ech ginn an den Eck gedréckt, ech ginn isoléiert." Dës Kéier schwätzt d'Morena Luisi mat sengen Invité*eën iwwert haislech Gewalt. D'Ana Pinto war selwer en Affer wärend 11 Joer an huet elo d'Associatioun La Voix des Survivant(e)s gegrënnt, déi Betraffenen hëlleft. D'Isabel Da Silva schafft bei Femmes en détresse an ass aktiv an der Preventioun, Sensibiliséierung a Formatioun. D'Daniela Cabete ass Psychologin am Service Riicht Eraus vun der Croix-Rouge, dee mat Täter schafft. De Christopher Witry ass Resonsabel fir de Beräich haislech Gewalt beim Ministère de l'Égalité des genres et de la Diversité.
    Voir plus Voir moins
    51 min
  • #2 Egalitéit a Kultur
    Jun 11 2024
    Ass dir schonn opgefall, dass et an der Lëtzebuerger Rap-Zeen quasi keng Frae gëtt? Wisou ass dat esou? Fënnt een dee Phänomen och am Theater erëm? A wéi ee Wee kënne mer als Gesellschaft goen, fir dat Ganzt z'equilibréieren? An dësem Episod schwätzt d'Morena Luisi mat senge véier Gäscht iwwert d'Egalitéit am Beräich vun der Kultur. D'Carole Lorang ass d'Directrice vum Escher Theater. De Maz Univerze ass Rapper a Songwriter. D'Nicool mécht Hip-Hop op Lëtzebuergesch, fir déi méi kleng och ënnert dem Numm Nikki Ninja. Den Tom Hecker, méi bekannt ënner Tatta Tom, ass Travesti-Kënschtler.
    Voir plus Voir moins
    50 min

Ce que les auditeurs disent de Et Geet Dach!

Moyenne des évaluations de clients

Évaluations – Cliquez sur les onglets pour changer la source des évaluations.