Evergreens by Spuerkeess

Auteur(s): Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
  • Résumé

  • Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣ ⁣ Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
    Lëtzebuerger Journal
    Voir plus Voir moins
Épisodes
  • Les menaces de la cybersécurité (hors-série 3/3)
    Jan 31 2025
    Les cyberattaques évoluent, et avec elles, les défis auxquels font face les entreprises et institutions. Dans ce dernier chapitre de trois épisodes hors-série, Bryan Ferrari et ses invités explorent la frontière entre cybersécurité et fraude. Où s’arrêtent les menaces techniques et où commencent les stratégies criminelles sophistiquées ? Comment les entreprises peuvent-elles sécuriser leurs infrastructures tout en restant performantes ? Quelles sont les stratégies des cybercriminels et comment les anticiper ? Bertrand Lathoud est Chief Operating Officer à la House of Cybersecurity, Philippe Parage est IT Infrastructure Engineer au Cybersecurity Competence Center et Lars Weber est Chief Information Security Officer chez Spuerkeess. Ensemble, ils décryptent les cyberattaques les plus répandues, les failles exploitées par les hackers et les solutions concrètes pour se protéger. Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.
    Voir plus Voir moins
    50 min
  • Um Bols vun de Mäert
    Dec 20 2024
    Wat bedeit dat politescht Klima an den USA fir d'Finanzmarchéen, a wéi steet Europa am Verglach do? Wäert de Boom vu Crypto och 2025 weidergoen, wat fir e Stellewäert hunn ETFen, a wéi beaflossen déi aktuell Entwécklunge klassesch Investitiounsstrategien?⁣⁣ ⁣ De Bryan Ferrari mécht mat sengen dräi Invitéen um Enn vum Joer en detailléierte Réck- an Ausbléck a puncto Marchéen. Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess.⁣⁣ ⁣ Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
    Voir plus Voir moins
    50 min
  • Gouvernance an der Praxis (hors-série 2/3)
    Dec 13 2024
    Eng Organisatioun, eng Entreprise an och de Staat brauche Reegelen, déi festleeën, op wéi eng Manéier a firwat Decisioune getraff ginn. Mat der sougenannter Gouvernance soll de Kader dofir gesat ginn. Firwat ass si besonnesch hautdesdaags esou wichteg, a wéi eng Zorte gëtt et? Funktionéiert dëst an all Secteur anescht, a wou leien d'Geforen, wann d'Gouvernance net konsequent duerchgefouert gëtt?    De Bryan Ferrari pléckt de Sujet mat sengen dräi Invitéen auserneen. D'Stéphanie Damgé ass Directrice vum Beräich Entrepreneurship bei der Chambre de Commerce an Directrice vun der House of Entrepreneurship. Den Tom Wirion ass Generaldirekter vun der Chambre des Métiers. De Marco Rasqué Da Silva ass Generalsekretär vun der Spuerkeess.    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
    Voir plus Voir moins
    43 min

Ce que les auditeurs disent de Evergreens by Spuerkeess

Moyenne des évaluations de clients

Évaluations – Cliquez sur les onglets pour changer la source des évaluations.