Gréng op den Oueren

Auteur(s): Enovos | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
  • Résumé

  • Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣ ⁣ Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣ ⁣ Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
    Voir plus Voir moins
Épisodes
  • Waasserstoff: En Deel vun der Energiezukunft
    Oct 28 2024
    Waasserstoff – eng Technologie mat Potential. An dëser Episode kréie mir en exklusive Bléck op d'Chancen an d'Hierstellung vum Waasserstoff vum Yves Reuter, Chef Projet am Beräich Waasserstoff bei Enovos. Zousätzlech hu mir de François Schneider, Strategy, Markets & EU Regulations bei Creos, ageluede fir seng Expertis iwwert déi national an europäesch Strategië mat eis ze deelen.
    Voir plus Voir moins
    26 min
  • Biodiversitéit a Photovoltaik: Hand an Hand
    Jul 18 2024
    Solar-Stroum produzéiere matten an der Natur an zäitgläich d‘Biodiversitéit ënnerstëtzen – geet dat zesummen? An dësem Episod schwätze mir iwwer 2 verschidde Konzepter – engersäits iwwer Agri-PV, woubäi d’Landwirtschaft an d’Energieproduktiounsanlag sech ënnerstëtzen an anerersäits iwwer eng schwammend PV-Anlag op engem Baseng – en eemolege Projet mat Iwwerraschungen. Dofir waren de Patrick Jeitz an den Eric Golinelli bei eis an hunn iwwer d’Challenges an d'Chancë vun sou Anlage geschwat. Och den Expert Pierre Kalmes vum Büro d’Etudes efor_ersa huet iwwer hir Beobachtunge bericht. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
    Voir plus Voir moins
    30 min
  • Fraen an der Welt vun der Energie
    May 21 2024
    An dësem Episod dréit sech alles ëm d’Fraen an der Welt vun der Energie: Wéi ass et als Fra am Secteur ze schaffen? Mat wat muss ee rechnen? Wou hunn sech Aarbechtskonditioune verbessert? A wou muss nach eppes geschéien? Mam Laurence Zenner, CEO vu Creos, mam Laetitia De Oliveira, Project Manager am Beräich Logistic Support bei Creos, mam Lara Gensous, Project Manager am Beräich Renewable Energies bei Enovos a mam Anouk Hilger, Head of Renewables bei Enovos, bléckt de Max e bësse méi kritesch hannert d’Kulisse vun der Energie Branche. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
    Voir plus Voir moins
    37 min

Ce que les auditeurs disent de Gréng op den Oueren

Moyenne des évaluations de clients

Évaluations – Cliquez sur les onglets pour changer la source des évaluations.