New Work

Auteur(s): Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
  • Résumé

  • Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.
    Lëtzebuerger Journal
    Voir plus Voir moins
Épisodes
  • New Work #17 - Kënschtlech Intelligenz an de Schoulen
    Feb 21 2025
    2023 ass ChatGPT populariséiert ginn. Säit deem weess jiddereen, wat kënschtlech Intelligenz ass, a K.I. ass ee vill diskutéiert Thema. Verschidde Leit fokusséieren sech op d’Geforen, anerer benotzen et fir alles. Fir de Rob Weil ass kloer, dass mer musse léieren, domadder eens ze ginn, well d'K.I. sou wéi sou do ass. Hien ass Director of Research, Policy, and Field Programs bei der American Federation of Teachers an den USA, Expert fir kënschtlech Intelligenz am Domaine vun der Educatioun a Virreider an der Fuerschung vu K.I.. Am Dezember 2024 war hien op Ufro vun der Chambre des salariés zu Lëtzebuerg, fir eng Konferenz iwwert d’Zukunft vun der Educatioun an den Afloss vun der K.I. op de Schoul-Secteur ze halen. Wäert K.I. eis Jobs ersetzen? Mir hunn dovu profitéiert, fir him eng vun de meescht gestallte Froen zum Sujet ze stellen.
    Voir plus Voir moins
    21 min
  • New Work #16 - improof
    Jan 10 2025
    Wéi kéint eng Ekonomie ausgesinn, déi net nëmme profitabel ass, mee och fair an nohalteg? Dës Fro probéiert d'Chambre des salariés mam Blog improof, eng sougenannte Reflexiounsplattform, ze beäntweren. De Sylvain Hoffmann ass den Direkter vun der Chambre des salariés. Den Nermin Plavsic këmmert sech ëm d'Kommunikatioun bei der CSL. Si hunn eis erkläert, wat improof genau ass, ween do eigentlech schreift a seng Iddien deelt, a wat si kuerz- ma och laangfristeg domat erreeche wëllen.
    Voir plus Voir moins
    23 min
  • New Work #15 - Pensiounen
    Oct 23 2024
    Mussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou d'Pensioune reforméiert kéinte ginn – an d’Chambre des salariés setzt sech an, fir se ze stäerken. Um Terrain, ma och a senger Kommunikatioun. Fir ze verstoen, ëm wat et genau geet, schwätze mir an dësem Episod mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés, a mam Dylan Theis, Conseiller bei der CSL, deen um Niveau vun de Pensiounen als Ekonomist schafft. Si hunn eis erkläert wéi d'Pensioune funktionéieren, wisou den aktuelle System, hirer Meenung no, net ideal ass, a wéi si sech op eng eventuell nei Reform preparéieren.
    Voir plus Voir moins
    24 min

Ce que les auditeurs disent de New Work

Moyenne des évaluations de clients

Évaluations – Cliquez sur les onglets pour changer la source des évaluations.