Épisodes

  • New Work #17 - Kënschtlech Intelligenz an de Schoulen
    Feb 21 2025
    2023 ass ChatGPT populariséiert ginn. Säit deem weess jiddereen, wat kënschtlech Intelligenz ass, a K.I. ass ee vill diskutéiert Thema. Verschidde Leit fokusséieren sech op d’Geforen, anerer benotzen et fir alles. Fir de Rob Weil ass kloer, dass mer musse léieren, domadder eens ze ginn, well d'K.I. sou wéi sou do ass. Hien ass Director of Research, Policy, and Field Programs bei der American Federation of Teachers an den USA, Expert fir kënschtlech Intelligenz am Domaine vun der Educatioun a Virreider an der Fuerschung vu K.I.. Am Dezember 2024 war hien op Ufro vun der Chambre des salariés zu Lëtzebuerg, fir eng Konferenz iwwert d’Zukunft vun der Educatioun an den Afloss vun der K.I. op de Schoul-Secteur ze halen. Wäert K.I. eis Jobs ersetzen? Mir hunn dovu profitéiert, fir him eng vun de meescht gestallte Froen zum Sujet ze stellen.
    Voir plus Voir moins
    21 min
  • New Work #16 - improof
    Jan 10 2025
    Wéi kéint eng Ekonomie ausgesinn, déi net nëmme profitabel ass, mee och fair an nohalteg? Dës Fro probéiert d'Chambre des salariés mam Blog improof, eng sougenannte Reflexiounsplattform, ze beäntweren. De Sylvain Hoffmann ass den Direkter vun der Chambre des salariés. Den Nermin Plavsic këmmert sech ëm d'Kommunikatioun bei der CSL. Si hunn eis erkläert, wat improof genau ass, ween do eigentlech schreift a seng Iddien deelt, a wat si kuerz- ma och laangfristeg domat erreeche wëllen.
    Voir plus Voir moins
    23 min
  • New Work #15 - Pensiounen
    Oct 23 2024
    Mussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou d'Pensioune reforméiert kéinte ginn – an d’Chambre des salariés setzt sech an, fir se ze stäerken. Um Terrain, ma och a senger Kommunikatioun. Fir ze verstoen, ëm wat et genau geet, schwätze mir an dësem Episod mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés, a mam Dylan Theis, Conseiller bei der CSL, deen um Niveau vun de Pensiounen als Ekonomist schafft. Si hunn eis erkläert wéi d'Pensioune funktionéieren, wisou den aktuelle System, hirer Meenung no, net ideal ass, a wéi si sech op eng eventuell nei Reform preparéieren.
    Voir plus Voir moins
    24 min
  • New Work #14 - Der Aarmut an den Hëllefen dogéint op der Spuer
    Sep 24 2024
    Wee sinn déi Leit, déi zu Lëtzebuerg vun Aarmut betraff sinn a wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et hei? Ënnert anerem dëse Froe ginn an der "Étude sur le vécu des personnes en précarité au Luxembourg et le recours aux aides", déi d’Chambre des Salariés zesumme mam LISER a mam STATEC verëffentlecht huet, beäntwert. An ëm genau dës Etüd geet et an dësem Episod. Wéi definéieren d'Chambre des Salariés an de LISER eigentlech Aarmut? Wëssen déi, déi dovu betraff sinn, wat et fir Hëllefe ginn? A froen si se dann och un? Mir hu mam Anne-Catherine Guio a mam Anne Franziskus geschwat, déi zwou Fuerscherinnen, déi sech hannert dëser Recherche verstoppen.
    Voir plus Voir moins
    26 min
  • New Work #13 - Frontalieren
    Sep 5 2024
    All Dag kommen 220 000 Frontalieren a Frontalièren op Lëtzebuerg schaffen. D'Zuele si vun November 2023. D'Leit kommen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland. Mee wéi genau gëtt de Begrëff vum Frontalier definéiert? Genee dorëm geet et an deser Episod. Wat ass fir ee Frontalier oder eng Frontalière um Lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché anescht, a wat sinn seng*hir Vir- an Nodeeler par rapport zu engem*r Résident*e? Vun den Teletravailsdeeg bis op spezielle Congé: D'Martine Mirkes an d'Nathalie Moschetti, allen zwee Juristinne bei der Chambre des Salariés, verroden eis alles.
    Voir plus Voir moins
    20 min
  • New Work #12 - Studentejobs
    Jul 11 2024
    D’Summervakanz ass do, a fir déi meescht Student*innen heescht Summervakanz ënnert anerem och Summerjobs. Mee sief et Summerjobs oder Stagen, wat sinn eigentlech déi Saachen, op déi een oppasse muss, wann ee säi Kontrakt ënnerschreift? Dësen Episod ass en How-To fir all Student*innen, déi iwwert de Summer respektiv wärend dem Joer berufflech Erfarunge sammelen : Wat ass erlaabt a wourop sollt dir oppassen? D’Jeannine Kohn, Conseillère de Direction bei der Chambre des Salariés, an d’Johanna Lapeira, Juristin bei der CSL, verroden eis all hir Tipps.
    Voir plus Voir moins
    19 min
  • New Work #11 - Inegalitéiten
    May 7 2024
    An dësem Episod geet et ëm e Sujet, mat deem jidderee schonn ze dinn hat: Inegalitéiten. Där ginn et vill, vum Abseits am Fussballsmatch, dee kee war, bis zum Kolleeg, deen am Kino eng besser Plaz krut. Ma déi interesséieren d'Chambre des salariés jo net esou. Op wéi eng Inegalitéiten fokusséieren si sech da genau? Wéi erkennen si se? A wat fir eng Zorten Inegalitéite ginn et? D'Nathalie Goerges, de Félix Martins de Brito an den Dylan Theis si wirtschaftlech Beroder*inne bei der CSL. Si hunn eis gezielt, wisou d'Gefill vun Ongerechtegkeet beim Erkenne vun enger Inegalitéit esou wichteg ass, wéi Inegalitéite gemooss ginn a wéi d'Chambre des salariés dogéint ukämpft.
    Voir plus Voir moins
    24 min
  • New Work #10 - Sozialwalen
    Feb 22 2024
    2024 ass keen normaalt Joer fir d'Chambre des Salariés : Net nëmme sti Sozialwalen um Programm, ma d'CSL feiert och säin 100. Gebuertsdag. Wat waren d'Schlësselmomenter vun der Chambre? Wat sinn déi sougenannten "Acquis sociaux", déi fir eis haut selbstverständlech sinn, mee déi et virun net sou laangem nach guer net gouf? A wisou sollten Salariéen sech un de Sozialwalen bedeelegen? D'Nora Back ass säit 5 Joer Präsidentin vun der Chambre des Salariés a vum OGBL, a stellt sech nach eng Kéier op. De Sylvain Hoffmann ass zënter 2019 den Direkter vun der CSL. An dësem Episod kucken si zesummen op 100 Joer Geschicht zeréck a ginn e Bléck op dat, wat nach alles muss gemaach ginn.
    Voir plus Voir moins
    22 min